Haut op engem 29. August...

Lauschtert eran!

De King of Pop, de Michael Jackson, wier haut 62 Joer al ginn! Als klenge Jong war hien  an de 60er mat den Jackson Five bekannt ginn. Den Jacko, ee vun deene gréissten Artiste vun allen Zäiten, sollt an den 80er-Jore mat „Thriller“ a „Bad“ zwee vun deenen erfollegräichsten a beschten Alben iwwerhaapt erausbréngen. Eleng „Thriller“ huet sech iwwer 65 Millioune mol verkaf. De King of Pop ass am Juni 2009 dout a senger Wunneng zu L.A opfonnt ginn. Hie sollt nëmme 50 Joer all ginn.

Ier zu engem Mega-Star ginn ass, hat e gewëssenen Ed Sheeran den 29. August virun 8 Joer hei zu Lëtzebuerg am Atelier gespillt. Deemools war et nach en Insider-Tipp. 14 Lidder hat de Britt an engem klengen a familiäre Krees gespillt, dorënner waren och seng éischt Hits „Lego House“ an „The A Team”.

An 11 Joer sinn et haut hier, datt de Calvin Harris mat sengem 2. Longplayer “Ready For The Weekend” un der Spëtzt vun de brittesche Singles-Charts stoung. Mat drop ware Lidder ewéi “Relax”, “Stars Come Out” oder natierlech och den Titeltrack. Den Harris hat d’Opname vu “Ready For The Weekend” op sengem Laptop gespäichert, dee war allerdéngs no engem Trip um Londoner Heathrow Airport verluer gaangen. Doropshinn huet de Produzent erëm ganz vu vir missen ufänken. Déi ganz Story ass allerdéngs fräi erfonnt. De Calvin Harris hat sech d’Geschicht fir seng Fans a virun allem fir seng Label-Cheffen ausgeduecht. Déi haten hien nämlech ënner Zäitdrock gesat, datt hien den Album ofliwwere sollt, mee den DJ hat zu deem Zäitpunkt nëmmen 2 Lidder fäerdeg.