Haut op engem 30. August...

Lauschtert eran!

“Where Is The Love” vun de Black Eyed Peas an dem Justin Timberlake ass um 30. August 2003 fir direkt 5. Wochen op d’Plaz 1 vun eisem Eldoradio Chartbreaker geklommen. De Song vum Album „Elephunk“ war deen éischten Hit mam Fergie, dat kuerz virdrun bei d’Museker ëm de Will.i.am dobäi gestouss war.

Plaz 1 vun den amerikanesche Singles-Charts haut virun 34 Joer fir de Steve Winwood a säin „Higher Love“. E Song, dee mir am Summer 2019 an enger anerer Versioun kennegeléiert hunn: D’Whitney Houston hat seng Versioun vun “Higher Love” am Joer 1991 opgeholl. D’lescht Joer hat de Kygo mat deene Vocals eng nei Version vum Song erausbruecht.

Um 30. August am Joer 1997 sinn den Notorious B.I.G an de Puff Daddy op der Eent an den US-Singles-Charts erageklommen, dat mat hirem Song „No Money No Problems“. Et war déi 2. Single vum Album “Life After Death”, deem zweete posthumen Album vum Biggie, deen am Mäerz vun deem Joer gestuerwe war. Bei de Grammy Awards am Joer duerno sollt de Song fir déi beschte Rap-Performance vun engem Duo, respektiv enger Grupp nominéiert sinn.