Haut op engem 31. August...

Lauschtert eran!

33 Joer sinn et da schonn hier dat e franséische Song déi däitsch Charts gestiermt huet. D’Sängerin Desireless ass mat „Voyage, Voyage“ direkt fir 5. Wochen un d’Spëtz vun den Charts geklommen. De Song sollt tëscht 1986 an 1988 e groussen Hit an Europa an an Asie ginn a sech iwwer 5 Millioune mol verkafen. „Voyage, Voyage“ ass mat Ofstand de gréissten Hit vun Desireless.

Um 31. August 1991 si Metallica mat hirem fënnefte self-titeled-Album op d‘1 vun den US-Album-Charts geklommen. Iwwer 10 Millioune mol huet sech de Longplayer eleng an de States verkaf. Op “Metallica”, deen zu de 500 gréissten Albe vun allen Zäiten zielt, sinn d’Songs „Enter Sandman“, „The Unforgiven“ an „Nothing Else Matters“ mat drop.

An 3 Woche virum Release vun hirem 7. Album „American Idiot” hu Green Day haut viru 14 Joer den Titeltrack an éischte Release vum Album erausbruecht. De Longplayer op deem och nach „Boulevard of Broken Dreams”, “Holiday” a “Wake Me Up When September Ends” mat drop sinn, sollt de grousse Comeback fir Green Day ginn. An de Jore virdrun hat hire Succès e bësse gelidden. Fir „American Idiot“, dee sech iwwer 16 Millioune Mol verkaf huet, sollt d‘Band e Grammy Award gewannen.