Haut op engem 1. September...

Lauschtert eran!

No 25 Joer Museker-Karriär stoung d'Tina Turner um 1. September 1984 fir déi alleréischte Kéier un der Spëtzt vun den US-Singles-Charts. Dat am Ganze fir 3 Wochen mam Song „What's Love Got To Do With It“. Fir „What's Love Got To Do With It“ huet d'Tina Turner am selweschte Joer och 2 Grammien krut. Viru kuerzem ass eng ganz nei Versioun vum Lidd erauskomm. An zwar huet den norwegeschen DJ Kygo sech der Saach ugeholl, dee jo virdrun och scho mam Whitney Houston zesummegeschafft hat.

Haut viru 16 Joer huet déi englesch Sängerin Dido seng Single „White Flag“ erausbruecht. Am Song geet ëm eng gescheitert Bezéiung. Ënnert anerem an Italien, Éisträich an Däitschland sollt „White Flag“ déi éischt Plaz an den Charts erreechen.

An 3 Joer ginn et haut, datt de schwedeschen DJ-Duo Axwell x Ingrosso mat hirem Track “More Than You Know” op der Eent an Däitschland stoungen. Den Axwell an de Sebastian Ingrosso ware virun hirem gemeinsame Projet als Membere vun der Swedish House Mafia bekannt ginn.