Haut op engem 2. September...

Lauschtert eran!

Haut virun 14 Joer stounge Snow Patrol mat „Eyes Open” op der Plaz 1 vun de britteschen Album-Charts. “Eyes Open” ass dee véierten Album vun der Band a bis haut deen Eenzege mat dem si ganz uewen an den Charts stoungen. Dorop ze fannen ass ënnert anerem den Hit „Chasing Cars”.

4 Joer sinn et hier, datt d’Eagles mat hirem Greatest-Hits-Album aus dem Joer 1976 erëm an d’US-Album-Charts erageklomme sinn. Dorop ze fanne sinn hir bescht Lidder aus de Joren 1971-75. Ënnert anerem och „One of these nights“.De Grond firwat den Eagles hir Greatest Hits 40 Joer nom Release erëm an den Charts stoungen ass ganz einfach: Fir kuerz Zäit konnt een den Album fir 99 Cent am Google Play Store kafen. De Longplayer ass dann och dee meescht-verkaaften Album vun allen Zäiten an den USA.

Néierens war dem Marlon Roudette säin Hit „New Age“ esou erfollegräich ewéi bei eisen däitschen Noperen. Um Dag vun haut am Joer 2011 ass et fir de fréiere Member vu Mattafix op d‘1 vun den Charts gaangen. An do sollt de Song ganzer 8 Wochen um Stéck bleiwen. De Song war vun der Null direkt un d’Spëtz erageklommen. 2 mol Platin gouf et an Däitschland a 600.000 mol huet sech „New Age“ verkaf.