Haut op engem 3. September...

Lauschtert eran!

37 Joer ginn et haut, datt UB40 mat hirem “Red Red Wine” un der Spëtzt vun de brittesche Singles-Charts stoungen. De Song ass am Original aus dem Joer 1968 a gouf vum Neil Diamond geschriwwen. Eréischt duerch d’UB40-Versioun sollt “Red Red Wine” zu engem Welt-Hit ginn. Den Text handelt vun engem Protagonist dee säi Liebeskummer no enger Trennung mat Roudem Wäin veraarbecht.

Um 3. September 2006 haten den Justin Timberlake an den Timbaland et mam Titel “Sexy Back” op Plaz 1 an de UK-Singles-Charts gepackt. „Sexy Back“ war dem Justin Timberlake säin alleréischten Nummer-1-Hit a Groussbritannien. 2007 hunn den Timberlake an den Timbaland fir de Song och e Grammy kritt.

Genee 11 Joer sinn et dann hier, datt de King of Pop begruewe gouf. 70 Deeg no sengem Dout duerch eng Iwwerdosis Schlofmëttel ass de Michael Jackson am “Forest Lawn Memorial Park” zu Glendale a Kalifornien bäigesat ginn.