Haut op engem 4. September...

Lauschtert eran!

Haut virun 8 Joer hunn d’Imagine Dragons hiren Debüt-Album „Night Visions“ erausbruecht. Dorop ze fannen sinn ënnert anerem d’Songs „Demons“, „Radioactive“ an „It’s Time“. „Night Visions » war 2013 dee meescht gestreamten Album an den USA an huet dat Joer drop och e Billboard Music Award fir dee beschte Rock-Album gewonnen. Bis haut huet sech d‘LP iwwer 4 Millioune Mol verkaft.

Mat sengem Song „Lieblingsmensch“ stoung d’Namika um 4. September 2015 op der 1. Plaz an den däitsche Single-Charts. Et ass deen zweeten Track vum Namika sengem Debüt-Album „Nador“ an och dat Lidd, mat deem hat säin Duerchbroch feiere konnt.

An zum Schluss feiere mir nach mam Beyoncé säin 39. Gebuertsdag. D’Sängerin a Schauspillerin war bis 2005 Deel vun der R&B-Girlgroup Destiny’s Child, zanterhier ass hatt als Solo-Kënschtlerin ënnerwee. Zu senge gréisste Lidder gehéieren „If I Were A Boy”, “Crazy In Love”, “Single Ladies” oder “Halo”. Mat iwwer 200 Millioune verkaafte Placken an 23 gewonnene Grammys gehéiert d’Beyoncé zu deenen erfollegräichste Musekerinnen iwwerhaapt.