Haut op engem 5. September...

Lauschtert eran!

Haut wier de Queen-Frontmann Freddie Mercury 73 Joer al ginn. Hien ass de 5. September 1946 zu Sansibar op d’Welt komm. De Freddie Mercury war ee vun de bedeitendste Rocksänger vun de 70er an 80er. Den 23. November 1991 huet de Freddie Mercury d’Ëffentlechkeet doriwwer informéiert, datt hien un AIDS erkrankt wier. Een Dag méi spéit ass hien un de Suite vun enger Longenentzündung gestuerwen.

Um 5. September 1998 stoung déi amerikanesch Rock-Band Aerosmith mam Titel „I don’t wanna miss a thing” op der Plaz 1 an den US-Album-Charts. Am Ganze 4 Wochen konnt de Song sech ganz uewen halen. “I don’t wanna miss a thing” war och ee vun de Soundtracks vum Film “Armageddon”, an deem e Grupp vun Experten d’Zerstéierung vun der Äerd duerch en Asteroid verhënnere muss.

A viru genee 11 Joer stoungen d’Kanadier vu Billy Talent un der Spëtzt vun eisem Eldoradio-Chartbreaker, dat mam Titel “Rusted from the rain”. Et ass déi éischt Single-Auskopplung vum Album Billy Talent lll. Den Track konnt sech awer leider nëmme fir eng Woch ganz uewen am Chartbreaker halen.