Haut op engem 6. September...

Lauschtert eran!

Genee 50 Joer sinn et hier, datt den Jimi Hendrix säi leschte Live-Optrëtt hat. Hien ass op der däitscher Ostséi-Insel Fehmarn opgetrueden. Nëmmen 12 Deeg méi spéit, um 18 September 1970, ass den Hendrix gestuerwen.

Um 6. September 1993 ass d’Englännerin Helen Stephens zu enger Woch Prisong verurteelt ginn. D’Helen schéngt wuel e grousse Whitney-Houston Fan gewiescht ze sinn, hir Noperen hunn nämlech eng Plainte géint si gemaach, well d’Helen fënnef Woche laang ouni Ënnerbriechung an och nach vill ze haart “I will always love you” vum Whitney Houston gelauschtert huet.

Haut virun 2 Joer war déi amerikanesch Rock-Band 30 Seconds To Mars an der Rockhal. Thirty Seconds To Mars konnt awer leider net esou richteg iwwerzeegen. D’Show huet just 1:20 Stonn gedauert an et hat een d’Impressioun, datt d’Band sech net wierklech Méi ginn hat. Am Eldoradio-Concertscheck goufen et deemools dofir nëmmen 2,5 vu 5 Stären.