Haut op engem 7. September...

Lauschtert eran!

39 Joer ginn et haut, datt Depeche Mode hir Single „Just Can’t Get Enough“ erausbruecht hunn. De Song war op der Band hirem Debut-Album “Speak & Spell” mat drop. Depeche Mode, déi dacks als “the most popular electronic band the world has ever known” betitelt goufen, hunn am Laf vun hirer Karriär iwwer 100 Millioune Placke verkaaft.

Um 7. September 2001 huet de Michael Jackson säin 30. Bünen-Anniversaire gefeiert. Am Madison Square Garden zu New York sinn deemools ënnert anerem den Eminem, d’Whitney Houston an Destiny’s Child opgetrueden. Den Highlight war awer de Concert vun den Jackson 5. No 11 Joer Paus ass de Michael Jackson deen Dag fir déi éischte Kéiere erëm mat senge Geschwëster opgetrueden.

Um Dag vun haut virun 2 Joer stoungen de Marteria an de Casper mat hirem Kollabo-Album „1982“ an den däitschen Album-Charts ganz uewen. 1982 ass d’Gebuertsjoer vun deenen zwee Rapper. Um Album blécken si op hir Jugend an den däitsche Provënzstied. „1982“ konnt sech awer nëmmen 1 Woch ganz uewen halen, an där zweeter Woch sinn de Marteria an de Casper op d‘Plaz 5 zeréckgefall.