Haut op engem 8. September...

Verschidde Gebuertsdeeg ginn um 8. September an der Musekswelt gefeiert. D’Alecia Beth Moore, besser bekannt als Pink, feiert haut seng 41 Joer. D’Pink ass eng vun den erfollegräichste Kënschtlerinnen eiser Zäit. Hat huet bis haut iwwer 110 Milliounen Alben a Singles verkaaft an 3 Grammy-Awards gewonnen.

Dann wier den Tim Bergling, alias Avicii, haut 31 Joer al ginn. De schwedeschen DJ huet sech den 20. Abrëll 2018 am Alter vun 28 Joer d’Liewe geholl.

17 Joer ass et dann hir, dat Limp Bizkit zu Esch um fréieren Terres Rouges Festival gespillt hunn. Den Optrëtt war zwou Woche virum Release vun hirem véierten Album Results May Vary.

13 Joer ass et hir, dass d’Rihanna mat senger Single Don’t Stop The Music fir 4 Wochen op der 1 vun eisem Eldoradio Chartbreaker stoung.