Haut op engem 9. September...

Um 9. September 1995 huet de Rapper Coolio et mat sengem Song Gangsta’s Paradise fir déi éischte Kéier op d’Plaz 1 vun de US-Single Charts gepackt. D’Lidd baséiert op engem Sample vum Stevie Wonder Song Pastime Paradise. 1996 huet de Coolio fir Ganga’s Paradise och e Grammy gewonnen.

Haut virun 9 Joer huet den Ed Sheeran säin Debut-Album + erausbruecht. Mat drop sinn d’Singlen Give Me Love, Lego House an The A Team. Mat dësem Album war de Museker 2012 am Atelier. Den Ticket huet deemools knapp 25 Euro kascht.

Dann war den däitsche Kollektiv Seeed haut viru 4 Joer live am Atelier. Deemools nach mam Sänger Demba Nabé. Den 18. Juli nächst Joer komme Seed zréck op Lëtzebuerg. Open Air virun der Luxexpo um Kierchbierg.

An de Michael Bublé feiert haut Gebuertsdag. Hien gouf um 9. September 1975 zu Burnaby a Kanada gebuer. De Michael Bublé huet bis haut ronn 45 Millioune Placke verkaaft. Säin erfollegräichste bis elo ass Christmas aus dem Joer 2011.