Haut op engem 10. September...

Haut virun 31 Joer stoung di amerikanesch Hard-Rock-Band Guns n’ Roses mam Titel Sweet Child o’ Mine op der Plaz 1 vun de US-Single-Charts. De Song konnt sech fir zwou Woche ganz uewen halen. Sweet Child o‘ Mine war déi drëtte Single-Auskopplung aus hirem Album Appetite for Destruction.

Bei den MTV Video Music Awards den 10. September 1998 war d’Madonna déi grouss Gewënnerin. 6 Präisser huet d’Musekerin gewonnen, ënnert anerem dee fir de beschte Video.

28 Joer ass et hir, dass Nirvana den Track Smells Like Teen Spirit erausbruecht hunn. Et war déi éischte Single-Auskopplung aus hirem Album Nevermind. De Longplayer huet sech iwwer 30 Millioune Mol verkaaft a stoung direkt an e puer Länner un der Spëtzt vun den Charts, ënnert anerem an den USA, a Kanada an a Schweden.

An um 10. September 2016 stoung de Rag 'n' Bone Man mam Titel Human fir véier Wochen op der 1 vum Eldo Chartbreaker. Et war de groussen Duerchbroch fir de Blues a Soul Sänger aus England.