Haut op engem 11. September...

Den norwegeschen DJ a Produzent Kygo feiert haut seng 29 Joer. Schonn am Alter vun 19 Joer huet hien ugefaangen elektronesch Musek ze produzéieren an ass schlussendlech 2014 mat senger Single Firestone bekannt ginn. 

De 9. September 2011, 9/11, en trageschen Dag an der Geschicht vun den 2000er. Haut virun 19 Joer sinn zu New York Terroriste mat entféierte Fligeren an di zwee Tierm vum World Trade Center an an de Pentagon geflunn. Bei de grausamen Attacken si bal 3000 Mënschen ëm d’Liewe komm.

Fir di 7. Woch hannertenee stoungen den Eminem an d’Rihanna um 11. September 2010 an de US-Charts ganz uewen, dat mam Titel Love The Way You Lie. Am Song geet et ëm d’Haassléift vun enger Koppel. Eegen Erfarungen aus dem Liewe vun de Museker.

Haut viru 5 Joer stoungen Die Ärzte mat hirem Schrei Nach Liebe op der 1 vun den däitsche Single-Charts an dat obwuel d’Lidd deemools schonn 22 Joer al war. Datt Die Ärzte et nach eng Kéier bis ganz uewen hi gepackt haten, louch un der Aktioun Arschloch, eng däitsch Initiative géint de Friemenhaass, déi d’Lidd fir hir Campagne agesat hunn.