Haut op engem 14. September...

Haut viru 36 Joer huet den David Bowie fir säi Museskvideo zu China Girl en MTV Video Music Award gewonnen. De Video gouf haaptsächlech zu Sydney am Chinatown-Quartier gedréint.

Haut wier d’Amy Winehouse 37 Joer al ginn. Säin Duerchbroch hat d’Musekerin 2006 mam Album Back To Black. Hat huet bal 35 Millioune Placke verkaaft a 6 Grammy-Awards gewonnen. Wärend senger ganzer Karriäre hat d’Amy Winehouse mat Drogen, Alkohol a psychesche Problemer ze kämpfen. Um 23. Juli 2011 gouf d’Sängerin dout a senger Wunneng zu London opfonnt, d’Doudesursaach war eng Alkoholvergëftung. D’Amy Winehouse sollt also just 27 Joer al ginn.

Genee 11 Joer ass et dann hir, datt den amerikaneschen Acteur, Dänzer a Sänger Patrick Swayze gestuerwen ass. Am Januar 2008 haten d’Doktere beim him Bauchspeicheldrüsekriibs diagnostizéiert. De 14. September 2009 ass de Patrick Swayze dunn am Alter vu 57 Joer gestuerwen.

An d’Katy Perry stoung haut viru 7 Joer mat der Single Roar un der Spëtzt vun den Charts.