Haut op engem 13. September...

Haut viru 55 Joer hunn d’Beatles hir Single Yesterday erausbruecht. Op der Lëscht vun de 500 beschte Songs, erausgi vum Rolling Stones Magazine, steet Yesterday op der Plaz 13. Mat Yesterday konnten sech d’Beatles fir 4 Wochen op der 1 vun den Charts halen.

Um 13. September 1987 stoung de Michael Jackson mat sengem Album Bad un der Spëtzt vun de UK-Album Charts. Mat drop ënnert anerem I Just Can’t Stop Loving You, Dirty DianaMan In The Mirror. Bad stoung donieft och an iwwer 20 anere Länner op der 1 an huet sech bis haut iwwer 45 Millioune Mol verkaaft.

24 Joer ass et hir, datt den amerikanesche Rapper Tupac Shakur gestuerwen ass. 4 Deeg virdrun, no engem Box Kampf am MGM Grand zu Las Vegas, haten Onbekannter op dem Tupac säin Auto geschoss. Dobäi gouf hien direkt vun e puer Kugele getraff. Am Spidol hunn d’Doktoren den Tupac an e kënschtleche Koma versat, aus deem hie leider net méi erwëscht ass.

An da stoung d’Ariana Grande haut viru 6 Joer mat sengem Album My Everything op der 1 vun den Charts.