Haut op engem 12. September...

17 Joer ass et hir, datt den Johnny Cash gestuerwen ass. De Man In Black wéi de Cash och nach genannt gouf, war ee vun den aflossräichste Country-Museker iwwerhaapt. Hien huet ronn 500 Songs geschriwwen, méi wéi 50 Millioune Placke verkaaft a huet 13 Grammy-Awards gewonnen. Den 12. September 2003 ass den Johnny Cash an engem Spidol zu Nashville u Longeversoe gestuerwen.

Haut virun 12 Joer hunn d’Village People hire Stär um Hollywood Walk of Fame kritt. Hire bekanntsten Hit bis haut ass Y.M.Y.A.

Viru 5 Joer ass déi amerikanesch Band Disturbed mam Album Immortalized op d‘1 vun de US-Album Charts erageklommen. Mat drop ënnert anerem d’Coverversioun vum Klassiker Sound of Silence. De Nofollger, hire 7. Album Evolutioun konnt net méi esou richteg iwwerzeegen.

Um selwechten Dag, dem 12. September 2015, stoung The Weeknd mam Titel Can’t Feel My Face an de US-Single Charts un der Spëtzt. Et war déi 7. Singleauskopplung vu sengem zweeten Album Beauty Behind The Madness.