Haut op engem 15. September...

14 Joer ass et hir, dass d’Scissor Sisters hiren zweeten Album Ta-Dah erausbruecht hunn. Mat drop ass hire wuel bekanntsten Hit I Don’t Feel Like Dancin. Um Song huet deemools den Elton John matgeschriwwen. Vläicht mat e Grond, dass d’Single un d’Spëtzt geklommen ass.

Haut ass dann den 12. Doudesdag vum Richard Wright. De brittesche Museker ass als Keyboarder a Sänger vun der Band Pink Floyd weltbekannt ginn. De 15. September 2008 ass de Richard Wright u Kriibs gestuerwen.

Highest Climber am Eldo Chartbreaker, vun der 49 op d’1. Dat war déi brittesch Band Muse mat hirem Song Madness. Haut viru genee 8 Joer. Madness war déi zweete Singleauskopplung aus hirem 6. Album The 2nd Law deen 2013 och fir e Grammy nominéiert gouf.

Virun 3 Joer stoung dann och den däitsche Rapper Cro ganz uewen an den Charts. Mat sengem Album Tru hat hien et un d’Spëtzt an Däitschland gepackt.