Haut op engem 16. September...

Haut virun 41 Joer huet d’Sugarhill Gang de Song Rapper’s Delight erausbruecht. De Song baséiert op engem Sample aus dem Discohit Good Times vu Chic. Et war déi éischt Hip-Hop Single, déi kommerzielle Succès erreecht huet.

Haut viru 4 Joer stoungen dann den DJ Snake an den Justin Bieber mat der Single Let Me Love You op der 1 vun den Charts an Däitschland. Let Me Love You stoung zwou Wochen un der Spëtzt.

Haut hunn dann direkt 3 Museker Gebuertsdag. D’Katie Melua kritt der 36, den Nick Jonas 28 an de Flo Rida feiert seng 41 Joer.

Zum Schluss nach eng Nummer 1 aus eisem Eldo Chartbreaker. Do stoungen um 16. September 2017 den Axwell & Ingrosso mat More Than You Know fir zwou Wochen un der Spëtzt. Wéinst dem Comeback vun der Swedish House Mafia gouf de Projet Axwell & Ingrosso op Äis geluecht. Mir waarden allerdéngs bis haut nach op nei Musek vun den 3 schwedeschen DJs.