Haut op engem 17. September...

Haut hätt de Keith Flint, Frontmann vun der brittescher Band The Prodigy, seng 51 Joer gefeiert. Um 4. Mäerz lescht Joer gouf de Sänger dout a senger Wunneng fonnt. Hien hat sech d’Liewe geholl.

Haut virun 21 Joer huet dem Eminem seng Mam hire Bouf op 10 Milliounen US-Dollar verklot. De Museker hat sech a senge Songs ëmmer nees negativ iwwer seng Mamm geäussert, sou zum Beispill am Track My Name Is. D’Plainte gouf méi spéit awer fale gelooss. Eréischt 2014 hunn den Eminem a seng Mam sech erëm verdroen.

9 Joer ass et dann hir, dass d‘Adele mat sengem Someone Like You op d’1 vun den US-Charts geklommen ass. Someone Like You ass aus dem Adele sengem zweeten Album 21, fir deen d’Musekerin och zwee Grammy-Awards gewanne konnt. Och d’Singlen Set Fire To The Rain an Rolling In The Deep sollten et un d’Spëtzt packen. Someone Like You ass bei eis déi erfollegräichste Single an der Geschicht vum Eldo-Chartbreaker.

Spëtzt vum Eldo-Chartbreaker da fir d’LP a säi Lost On You. Dat war haut virun 3 Joer um 17. September 2017. Lost On You war ee vun den erfollegräichste Singlen vum Joer 2017. Thematesch geet et ëm eng gescheitert Bezéiung.