Haut op engem 18. September...

50 Joer ass et mëttlerweil hir, dass de beschte Gittarist vun allen Zäiten, den Jimi Hendrix gestuerwen ass. Den 18. September 1970 ass den Hendrix zu London gestuerwen. Hien sollt just 27 Joer al ginn.

Um 18. September 2010 stoung d’Katy Perry mat sengem Teenage Dream fir zwou Wochen um Stéck op der 1 vun de US-Single Charts. 6 Singelen aus dem Album Teenage Dream sollt d’Katy Perry erausbréngen. 5 dovunner hunn et bis un d’Spëtzt vun den Charts gepackt gehat.

De Robbie Williams ass dann haut virun 8 Joer fir déi éischte Kéier Papp ginn. Seng Fra, déi brittesch Schauspillerin Ayda Field, huet um 18. September 2012 d’Theodora Rose op d’Welt bruecht. Mëttlerweil huet d’Koppel scho 4 Kanner.

De Frontmann vun der dänescher Band Lukas Graham, de Lukas Forchhammer, huet haut Gebuertsdag. Hien feiert seng 32 Joer. Parallel feiert dann haut dann och hir Single 7 Years Gebuertsdag. Déi ass nämlech haut viru 5 Joer erauskomm.