Haut op engem 21. September...

Haut ass et op den Dag genee 24 Joer hir, dass d’Fugees mat hirem Song Ready Or Not op der 1 vun de brittesche Single-Charts stoungen. D’Fugees waren de Wyclef Jean, d’Lauryn Hill an de Pras Michel. An de 90er Joren hunn si zu de bekanntsten HipHop-Gruppe gezielt.

9 Joer ass et dann hir, dass di amerikanesch Band R.E.M. sech opgeléist huet. Anescht wéi vill aner Bands sinn si awer am Gudden ausernee gaangen. R.E.M. zielt zu enge vun deenen erfollegräichsten Alternative-Rock Bands iwwerhaapt. Si hunn am Laf vun hirer Karriäre 3 Grammys gewonnen a stinn op der Rolling-Stone-Lëscht vun den 100 gréisste Museker op Plaz 97.

Fir déi drëtt Woch hannertenee stoungen de Calvin Harris an de Sam Smith genee haut virun 2 Joer mam Song Promises op der 1 vun de brittesche Single-Charts. Et war zu deem Zäitpunkt dem Calvin Harris seng zéngt an dem Sam Smith seng siwent No. 1 Single a Groussbritannien. Promises konnt sech duerno nach fir zwou weider Wochen un der Spëtzt halen.

Eriwwer bei d’Gebuertsdagskanner. De Liam Gallagher, fréier Sänger vun Oasis feiert seng 48 Joer. An den Jason Derulo feiert seng 31.