Haut op engem 20. September...

Genee 51 Joer ass et hir, dass den John Lennon an engem Meeting mam Paul McCartney a Ringo Starr annoncéiert huet, dass hien d’Band Beatles géif verloossen. Ganz ausernee gebrach ass d’Band awer eréischt 1970, wéi och de Paul McCartney als Beatle opgehalen huet.

Am Joer 1997 stoung de Will Smith um 20. September mam Song Men In Black op der 1 vum Eldo Chartbreaker. Et war déi éischte Solo-Single vum Schauspiller. Men In Black konnt 1998 e Grammy fir Best Solo Rap-Song gewannen. De Will Smith huet ugekënnegt, an Zukunft erëm méi Zäit am Studio ze verbréngen.

9 Joer ass et da schonn hir, dass d’Carly Rae Jepsen säin éischte groussen Hit Call Me Maybe erausbruecht huet. Call Me Maybe war e weltwäiten Erfolleg. An iwwer 18 Länner stoung d’Single un der Spëtzt vun den Charts. Vill Leit haten 2011 de Song wuertwiertlech geholl an als Flirt-Methode benotzt. Wéi grouss de Succès war, ass net gewosst.

Haut viru 6 Joer stounge Maroon 5 mat hirem Album V un der Spëtzt vun den US-Album Charts. Den Album war deemools bei de Kritiker net gutt ukomm. Ënnert anerem schreift d’Süddeutsche Zeitung "dat bescht um Album wier, datt een d’Songs nom Héieren direkt schonn erëm vergiess hätt".