Haut op engem 19. September...

Haut virun 39 Joer, um 19. September 1981, hu Simon & Garfunkel hire legendäre Reunion-Concert am Central Park zu New York gespillt. Den Duo hat sech 11 Joer virdru getrennt, well den Art Garfunkel sech méi op seng Schauspiller-Karriäre konzentréiere wollt an de Paul Simon eng aner musikalesch Richtung ausprobéiere wollt. Well den deemolege Buergermeeschter vu New York, den Ed Koch, de Central Park aus Käschtegrënn wollt zoumaachen, hunn eng Rei Kënschtler Benefice-Concerte gespillt. Beim Optrëtt vu Simon & Garfunkel waren iwwer 500.000 Leit op der Plaz.

Um 19. September 1970 huet di éischt Editioun vum Glastonbury Festival a Groussbritannien stattfonnt. Deemools nach ënnert dem Numm Pilton Pop, Blues & Folk Festival. Op enger Mëllechfarm beim Duerf Pilton si fënnef méi onbekannt Kënschtler opgetrueden. Den Entrée huet just ee Pond kascht, gratis Mëllech inclus. Ronn 1500 Spectateure waren do. Haut ass de Glastonbury ee vun deene gréissten a renomméiertste Festivals a ganz Europa. D’Editioun 2020 gouf wéinst dem Coronavirus online ofgehalen.

An zum Schluss nach eng Nummer 1. Viru genee 11 stoungen den David Guetta an den Akon mam Song Sexy Bitch un der Spëtzt vum Eldo Chartbreaker. Sexy Bitch ass déi drëtte Single vum Album One Love a konnt sech 3 Woche ganz uewen halen.