Haut op engem 22. September...

Haut viru 4 Joer war déi iresch Band Walking On Cars fir e Concert am Atelier. Si hunn deemools hiren Debut-Album Everything This Way presentéiert. Mat drop ee vun hire gréissten Hits Speeding Cars. Och wann de Concert just eng Stonn gedauert huet, konnt d'Band am Atelier iwwerzeegen.

15 Joer ass et dann hir, dass den Jimy Page zum Éierebierger vun der Stad Rio de Janeiro ernannt ginn ass. De Gittarist vu Led Zeppelin hat 1998 zu Rio d’Casa Jimmy opgemaach. En Haus an deem Kanner déi op der Strooss liewe gehollef kréien.

D’Arctic Monkeys stoungen haut viru 7 Joer mat hirem fënneften Album AM un der Spëtzt vun de britteschen Album-Charts. Mat drop si Klassiker wéi Do I Wanna Know oder R U Mine. 2014 hunn d’Arctic Monkeys fir den Album och e Brit Award iwwerreecht kritt.

De Klaas Heufer-Umlauf feiert haut säi 37. Gebuertsdag. Ugefaangen huet seng Karriär beim Fernseesender VIVA. Dono ass hien duerch Formater wéi Circus HalliGalli oder Duell um die Welt un der Säit vum Joko Winterscheid bekannt ginn. Opmierksamkeet hunn déi zwee Moderatore rezent mat Filmer wéi Körperwelten oder A Short Story Of Moria op ProSieben erreecht. Wat vill Leit bestëmmt net wëssen: De Klaas mécht och Musek. Zesumme mam fréiere Bassist vu Wir sind Helden, dem Mark Tavassol, huet hien 2007 d’Band Gloria gegrënnt.