Haut op engem 23. September...

Um Dag vun haut waren dräi gréisser Concerten hei zu Lëtzebuerg. 2007 war déi däitsch Band Wir Sind Helden zu Hollerech am Atelier. Virun 3 Joer huet den John Legend an der Rockhal gespillt an den 23. September 2018 war de brittesche Singer/Songwriter Tom Grennan am Atelier.

Genee 15 Joer ass et dann hir, dass déi däitsch Band Revolverheld hiren Debut-Album erausbruecht huet. De Longplayer heescht genee esou wéi d’Band. Mat drop ënnert anerem den Track Mit dir chillen.

Haut virun 8 Joer stoungen The Script an de Will.i.am mam Song Hall of Fame un der Spëtzt vun de britteschen Charts. Am Song geet et dorëms, dass am Liewen alles méiglech ass, wann ee ni opgëtt an ëmmer u sech gleeft. Mëttlerweil ass et ronderëm d’Band aus Irland relativ roueg ginn.

Um 23. September feiere mir dann nach de Gebuertsdag vum The Boss Bruce Springsteen. Hien kritt seng 71 Joer. De Spëtznumm The Boss huet de Bruce Springsteen iwweregens kritt, well hien an de 70er Joren seng Band no den Optrëtter ëmmer bor bezuelt huet.