Haut op engem 24. September...

Haut virun 29 Joer huet de Bryan Adams säin Album Waking Up the Neighbours erausbruecht. Mat drop ass ënnert anerem den Track (Everything I Do) I Do It For You. Waking Up the Neighbours ass deen Album vum Bryan Adams, deen sech am beschte verkaaft huet. Och ass et eng vun den erfollegräichste Produktiounen aus Kanada iwwerhaapt.

15 Joer ass et hir, dass Fettes Brot mat An Tagen Wie Diesen un der Spëtzt vum Eldo Chartbreaker stoungen. De Song konnt sech fir aacht Woche ganz uewen halen.

Um 24. September 1988 stoung de Bobby McFerrin mat Don’t Worry Be Happy fir zwou Wochen un der Spëtzt vun den US-Charts. De Song zitéiert den indesche Guru Meher Baba, dee kritiséiert huet, dass d’Mënschen sech géifen ujäizen. Don’t Worry Be Happy war déi éischten Acapella-Single, déi et an den USA bis un d’Spëtzt gepackt huet. Sämtlech Sounds goufe mam mënschleche Kierper gemaach. Och an Däitschland stoung d’Single 10 Woche ganz uewen.

Haut virun zwee Joer war den Dermot Kennedy live an der Rockhal. Vill Leit waren net um Belval, well säin Duerchbroch mat Power Over Me koum eréischt ee Mount méi spéit.