Haut op engem 28. September...

Um 28. September 1992 stoung déi jamaikanesch Reggea-Band Inner Circle mat Sweat fir 3 Méint un der Spëtzt vun den Charts. Et war deemools de Summerhit vum Joer 1992. Sweat vun Inner Cirlce war iwwregens déi éischten Nummer 1 vum aller éischten Eldo-Chartbreaker.

Haut viru 6 Joer stoung dann déi brittesch Indie-Rock Band Alt-J un der Spëtzt vun de britteschen Charts. De Lonplayer war hiren zweeten Album This Is All Yours. De Longplayer ass gutt bei de Kriticker ukomm a sollt och fir e Grammy nominéiert ginn. E Groussdeel vun de Lidder ass op Tours entstanen.

Haut kritt de Lucas Strobel 31 Joer. Besser bekannt ass hien ënnert sengem Kënschtlernumm Alligatoah. Seng bekanntste Single bis haut ass warscheinlech Willst Du. Nieft villen Erfolleger an den Charts huet den Alligatoah 2015 och eng 1Live Krone fir de beschten Hip-Hop-Act gewonnen.