Haut op engem 27. September...

Haut feiert den amerikanesche Rapper Lil Wayne Gebuertsdag. Hien ass virun 38 Joer zu New Orleans op d‘Welt komm.

Da gëtt och d’Avril Lavigne haut e Joer méi al. Hatt feiert säi 36. Gebuertsdag. No 6 Joer Paus huet d’Musekerin lescht Joer säi sechsten Album Head Above Water erausbruecht.

Genee 34 Joer ass et hir, dass déi amerikanesch Metal-Band Metallica en trageschen Accident mat hirem Tourbus hat. No engem Concert zu Stockholm ware si ënnerwee op Kopenhagen, wéi de Chauffeur d’Kontroll iwwert de Bus verluer huet. Kuerz virdrun hat d’Band an enger Partie Kaart dorëms gespillt, wien di confortabelst Plaz am Bus kritt. Gewonnen hat de Bassist Cliff Burton. Beim Accident gouf hien aus der Fënster geschleidert a sollt net iwwerliewen.

Fir déi zweete Woch hannertenee stoung d’Meghan Trainor haut viru 6 Joer an den amerikaneschen Billboard Top 100 Charts ganz uewen. Dat mam Track All About That Bass. Et war t’Debut-Single vun der Musekerin. Et war déi véiert-meescht-verkaafte Single vum Joer 2014 a sollt och a villen anere Länner un der Spëtzt stoen. Sou zum Beispill a Kanada, Australien oder och Groussbritannien.