Haut op engem 26. September...

Genee 51 Joer ass et hir, dass d’Beatles hire legendären Album Abbey Road erausbruecht hunn. Den Longplayer ass no der Strooss zu London benannt, an där d’Tounstudioe vum EMI-Label waren. An dëse Studioen ass e groussen Deel vun de Beatles hiren Opnamen entstanen. Um Album ass ënnert anerem de Klassiker Come Together. Abbey Road sollt de leschten Album sinn, deen d’Beatles zesummen opgeholl hunn.

Um 26. September 2004 stoung Green Day mam Album American Idiot op der 1 vun de britteschen Charts. No e puer Joer ouni Succès huet d’Band mam Longplayer de grousse Comeback gefeiert. Mat drop sinn direkt e puer Klassiker, wéi zum Beispill Holiday, Boulevard of Broken Dreams, Wake Me Up When September Ends an den Titeltrack American Idiot. De siwenten Album vu Green Day sollt sech 16 Millioune Mol verkafen an och e Grammy gewannen.

Haut viru genee 12 Joer huet de Seeed-Sänger Peter Fox säi Solo-Album Stadtaffe erausbruecht. Den Album ass entstane wärend d’Band Seeed eng Paus ageluecht hat. U sech hat de Peter Fox geplangt an dëser Zäit en Album fir en anere Kënschtler ze produzéiere ma säi Wonschkandidat, de Cee-Lo Green, hat wéinst dem groussen Erfolleg mat Gnarls Barkley awer keng Zäit dofir. Dofir huet de Peter Fox decidéiert, selwer en Album opzehuelen. Et war den erfollegräichsten Album an Däitschland vun deem Joer. Et sollt deen éischten an zäitgläich dee leschte Solo-Album vum Peter Fox sinn.