Haut op engem 25. September...

Genee 30 Joer ass et hir, dass den Dave Grohl de neien Drummer vun der Band Nirvana ginn ass. Hien huet deemools den Chad Channing ofgeléist. Iwwer dem Dave Grohl seng Zäit bei Nirvana soll an de nächste Joren en Documentaire erauskommen. Haut ass hie Frontsänger vun de Foo Fighters.

Gebuertsdag feiert haut de Will Smith. E kritt seng 52 Joer. De Schauspiller a Rapper huet bis haut 4 Grammys gewonnen a war och schonn zwee Mol fir den Oscar nominéiert.

De 25. September 1982 gouf dann och den däitsche Rapper Casper zu Bielefeld gebuer. 1982 heescht dann och säin Album zesumme mam Marteria.

Virun 10 Joer stoung den Taio Cruz mat Dynamite fir zwee Méint op der 1 vum Eldo Chartbreaker. Haut ass et ronderëm de Museker awer relativ roueg ginn.

Parallel stoung a Groussbritannien d’Band The Script mam Album Science & Faith un der Spëtzt vun den Album-Charts. Bei de Kriticker ass de Longplayer allerdéngs net gutt ukomm.