Haut op engem 29. September...

Véier Number 1 Hits haut um 29. September.

Ugefaange mat der Band The Police ronderëm de Frontsänger Sting. Déi stoungen haut virun 41 Joer mam Klassiker Message In A Bottle un der Spëtzt an England. Fir de Gittarist Andy Summers ass Message In The Bottle iwweregens de beschte Song deen de Sting jee geschriwwen huet.

Am Eldo Chartbreaker stoungen dann haut virun 13 Joer Die Ärzte mat Junge op der 1. De Song konnt sech 5 Woche ganz uewen halen.

Mir bleiwen zu Lëtzebuerg. Um 29. September 2012 krut Sonnentanz vu Klangkarussell vun Iech déi meeschte Stëmmen am Eldo Chartbreaker.

Zäitgläich stounge Maroon 5 mat der Single One More Night un der Spëtzt vun de Single Charts an den USA. 2012 huet sech de Song weltwäit ronn 7 Millioune Mol verkaaft.