Haut op engem 30. September...

Um 30. September 2007 stoungen d’Foo Fighters mam Album Echoes Silence Patience & Grace un der Spëtzt vun de britteschen Album-Charts. Mat drop ass ënnert anerem Long Road To Ruin an The Pretender. Echoes Silence Patience & Grace war den zweeten Album vun der Band, deen et bis ganz uewen an d’Charts sollt packen.

8 Joer ass et dann hir, dass déi brittesch Folk-Rock-Band Mumford & Sons mam Album Babel op der 1 vun den Charts stoung. No Sigh No More aus dem Joer 2009 war Babel den zweeten Album vun der Band. Mat drop ass ënnert anerem I Will Wait. 2014 sollten den Album an d’Band mat engem Grammy, respektiv engem Brit Award ausgezeechent ginn.

Haut virun 3 Joer stoungen dann Ofenbach an de Nick Waterhouse mat Katchi fir ee Samschden op der éischter Plaz vum Eldo Chartbreaker. Ofenbach ass en Deep-House-Duo vu Paräis, deen sech als Produzente fir renomméiert Kënschtler wéi Bob Sinclair oder James Bay e Numm gemaach hunn. No an no hu si och ugefaangen eege Musek erauszebréngen. Aktuell hunn si den Hit Heat, Shoulders, Knees & Toes dobaussen.