Haut op engem 1. Oktober...

50 Joer ass et hir, dass de beschte Gittarist vun allen Zäite begruewe ginn ass. Den Jimi Hendrix ass am Greenwood Memorial Park am Bundesstaat Washington bäigesat ginn. Hien war den 18. September 1970 am Alter vu just 27 Joer gestuerwen.

Um 1. Oktober 1987 stoung déi franséisch Sängerin Desireless mam Mega-Hit Voyage Voyage op der 1 an Éisträich. Net nëmmen an Éisträich, mee a ganz Europa hat Voyage Voyage e grousse Succès. An Däitschland war et déi meescht verkaafte Single aus dem Joer 1987 an an der Schwäiz stoung se esouguer op der éischter Plaz vun de Jores-Charts.

Haut virun 13 Joer ass dann d’Websäit vun der brittescher Band Radiohead ofgestierzt. Dat nodeems d’Band annoncéiert hat, dass een hire neien Album In Rainbows just online konnt virbestellen. D’Fans konnte fir den Album bezuelen, wat se wollten.

8 Joer ass et dann hir, dass den däitsche Kollektiv Seeed den Track Augenbling erausbruecht hunn. De Song war op hirem véierten Album, dee just 3 Deeg virdrunner erauskomm war. De Longplayer Seeed ass direkt un d’Spëtzt vun den Charts geklommen. Et war den éischten Number-1-Album fir d’Band vu Berlin.