Haut op engem 2. Oktober...

Haut feiert de Sting, Frontsänger vun der Band The Police seng 69 Joer.

Donieft feiert haut och de Xavier Naidoo Gebuertsdag. Hien kritt seng 49 Joer. An de leschte Joren ass de Museker net wéinst senger Musek, ma virun allem wéinst ëmstriddene politeschen Aussoe staark kritiséiert ginn. Dowéinst gouf hien zum Beispill och aus der Jury vun DSDS gehäit.

Zwou verschidde Singlen stoungen op engem 2. Oktober un der Spëtzt vun de britteschen Charts.

Ugefaangen am Joer 2011 beim spueneschen DJ Sak Noel a sengem Hit Loca People. De Song hat a ganz Europa enorme Succès an war och a ville Länner ee vun de Summerhits vum Joer 2011.

4 Joer méi spéit, um 2. Oktober 2015 stoung de Sam Smith mat Writing’s on The Wall un der Spëtzt an England. De Song ass de Soundtrack vum 24. James Bond Film Spectre. De Song huet en Oscar an e Golden Globe gewonnen an et war deen éischte Bond-Titelsong iwwerhaapt, deen et an England bis op t‘1 vun den Charts gepackt huet.

Déi brittesch Sängerin Katie Melua huet et haut viru 14 Joer bis an d’Guiness Buch vun der Rekorder gepackt. Dat fir den déifsten Ënnerwaasserconcert iwwerhaapt. De Concert huet bei enger norwegescher Äerdgas-Buerinsel 303 Meter ënnert dem Mieresspigel stattfonnt. Fir de Concert hunn d’Katie Melua a seng Band missen e speziellen Iwwerliewenstraining absolvéieren a medezinesch Tester packen.