Haut op engem 3. Oktober...

Haut feieren direkt dräi verschidde Museker Gebuertsdag.

De Max Giesinger kritt zum Beispill 32 Joer. Den däitsche Singer/Songwriter ass 2012 duerch d’Casting-Show The Voice of Germany bekannt ginn.

Och 32 Joer kritt den amerikanesche Rapper ASAP Rocky. Hien ass um 3. Oktober 1988 zu New York op d’Welt komm.

An 51 Joer feiert haut d’Gwen Stefani. Am Laf vu senger Karriär huet d’Musekerin weltwäit iwwer 30 Milliounen Albe verkaaft. Haut ass d’Gwen Stefani éischter Vollzäit-Mamma.

Genee 27 Joer ass et hir, dass Take That mat der Sängerin Lulu d’Single Relight My Fire erausbruecht hunn. D’Lidd sollt sech fir zwou Wochen un der Spëtzt vun de britteschen Charts halen. D’Original vu Relight My Fire koum vum Dan Hartman aus dem Joer 1979.

Haut virun 12 Joer hunn Empire of the Sun hiren Debut-Album Walking on a Dream erausbruecht. Mat drop ass ënnert anerem den Hit We Are The People. Empire of the Sun ass en australeschen Elektro-Pop-Projet, deen 2007 vum Luke Steele a vum Nick Littlemore gegrënnt ginn ass.