Haut op engem 4. Oktober...

Haut viru 40 Joer stoungen Queen mam Mega-Hit Another One Bites The Dust un der Spëtzt vun den Charts. De Song huet sech weltwäit iwwer 7 Millioune Mol verkaaft an ass domat di meescht-verkaafte Single vun der Band. Op der Billboard-Lëscht vun de beschte Songs vun allen Zäite steet Queen mat Another One Bites The Dust op Plaz 34.

Haut viru 50 Joer ass déi amerikanesch Sängerin Janis Joplin dout an engem Motel zu Los Angeles opfonnt ginn. D’Doudesursaach war eng Iwwerdosis Heroin gemëscht mat Alkohol. Fonnt gouf hat vu sengem Manager John Cooke, dee sech gewonnert hat, dass d’Janis net am Studio opgedaucht war. Nieft dem Jimi Hendrix war d’Janis Joplin eng vun den zentrale Figuren aus der Hippiezäit. Op der Rolling Stone-Lëscht vun de beschte Sänger a Sängerinne vun allen Zäite steet hat op der Plaz 28 . Zesumme mat ënnert anerem dem Kurt Cobain an dem Amy Winehouse zielt d’Janis Joplin och zum legendäre Klub 27.

Um 4. Oktober 2014 waren d’Beatsteaks am Atelier an déi däitsch Rock-Band konnt iwwerzeegen. D’Beatsteak hunn sech 1995 gegrënnt an zanterhier 8 Studio-Alben erausbruecht. An hirer Karriär konnten si och schonn eng Rëtsch Präisser gewannen.