Haut op engem 5. Oktober...

Zwee grouss Nimm aus der Musekswelt feieren haut Gebuertsdag. De Bob Geldof kritt haut 69 Joer. Hie war a senger Karriär net nëmmen als Museker mee och als Songwriter aktiv an huet ënnert anerem fir d’Boomtown Rats den Hit I don’t like Mondays geschriwwen.

Dann huet haut och nach den AC/DC-Sänger Brian Johnson Gebuertsdag. Hien kritt seng 73 Joer. Am Mäerz 2016 hunn AC/DC missen hir Tour ofbriechen, well den Johnson soss komplett daf gi wier. Och wann hien net méi live optrëtt, kann hien awer nach weiderhin am Studio schaffen. Geschwënn soll dann och e Comeback Album erauskommen.

Um 5. Oktober 1996 stoungen Deep Blue Something mat Breakfast at Tiffany’s op der 1 vun den Charts.

13 Joer méi spéit war et d’Pink dat et mam Titel So What an England un d’Spëtzt gepackt huet.

An dann nach eng Nummer 1 aus den USA. Haut viru 7 Joer stoung do nämlech den Jack Johnson mat sengem Album From Here To Now To You ganz uewen.