Haut op engem 6. Oktober...

Haut viru genee 41 Joer stoungen The Police ronderëm de Frontsänger Sting mam Song Message in a Bottle un der Spëtzt vun de britteschen Charts. De Song ass um zweeten Album Reggatta de Blanc vun The Police drop. Beim Rolling Stones Magazone steet den Track op der Plaz 65 vun den 100 Greatest Guitar Songs of all Time.

Um 6. Oktober 2006 hu Silbermond hir Single Das Beste erausbruecht. De Song war mat drop op hirem zweeten Album Laut Gedacht. Och bei eis zu Lëtzebuerg stoung Das Beste un der Spëtzt vum Chartbreaker. Mëttlerweil ass et ronderëm d’Band relativ roueg ginn. D’Frontsängerin trëtt awer reegelméisseg nach bei Castingshows wéi zum Beispill The Voice of Germany op.

Haut viru 7 Joer stoungen dann One Republic mam Song Counting Stars op der 1 an England.

4 Joer méi spéit stoung de Post Malone mat sengem Mega-Hit Rockstar an den Charts ganz uewen. De Song huet sech weltwäit ronn 13 Millioune Mol verkaaft. De Song war fir zwee Grammys nominéiert, konnt awer keen dovunner gewannen.