Haut op engem 7. Oktober...

D’Gwen Stefani huet haut virun 13 Joer live an der Rockhal gespillt. De Concert huet knapps zwou Stonne gedauert an de Public begeeschtert. Op der Setlëscht stoungen all seng grouss Hits, dorënner och Sweet Escape. D’Gwen Stefani, dat rezent seng 51 Joer gefeiert huet, hat am Juni 2011 säi Récktrëtt aus der Musekswelt annoncéiert, fir sech méi op seng Famill ze konzentréieren. Am Mäerz 2016 koum dunn awer nach den Album This Is What The Truth Feels Like eraus.

20 Joer ass et da schonn hir, dass Modjo mam Mega-Hit Lady un der Spëtzt vum Eldo Chartbreaker stoungen. Modjo war e franséische Pop-Duo, zesummegesat aus dem Produzent Romain Tranchart an dem Sänger Yan Destagnol. Lady war allerdéngs e One Hit Wonder. Déi Singlen, déi dono erauskomm sinn, hate kee Succès. Modjo hunn sech doropshi getrennt a Solo weidergemaach.

Um 7. Oktober 2016 huet d’Norah Jones säin Abum Day Breaks erausbruecht. Et war de sechsten Album vun der amerikanescher Singer-Songwriterin. Mat drop ass ënnert anerem den Track Carry On.