Haut op engem 8. Oktober...

Haut feiert de Bruno Mars seng 35 Joer. Seng Karriär huet amfong als Produzent ugefaangen. Hien huet fir grouss Nimm wéi Flo Rida, Sean Kingston oder Adam Levine geschafft. 2010 ass dunn säin Debut-Album "Doo-Wops & Hooligans" erauskomm. Mat drop ass ënnert anerem den Track "Just The Way You Are", deen och e Grammy gewanne sollt. 2012 koum dunn e weidere Grammy fir säin zweeten Album "Unorthodox Jukebox" dobäi. Viru 4 Joer dunn "24K Magic". Aktuell schafft de Bruno Mars fir Disney un engem Musical.

U2 stoungen dann haut virun 32 Joer mam Song "Desire" un der Spëtzt an England. Desire war d’Lead-Single vum Album "Rattle and Hun". Och war et déi éischten Number 1 Single fir d’Band an England an an Australien.

Um 8. Oktober 1988 sinn da Pink Floyd mam Album "The Dark Side Of the Moon" no am Ganzen 741 Wochen aus den amerikanesche Charts erausgefall. Dat ass bis haut Rekord! "Dark Side Of The Moon" ass den aachten a gläichzäiteg erfollegräichsten Album vu Pink Floyd.

14 Joer ass et dann hir dass d’Killers mat hirem zweeten Album "Sam’s Town" ganz uewen an de brittesche Charts stoungen. Drop ass ënnert anerem de Song "When You Were Young". 2007 hunn d’Killers fir den Album och e BRIT Award gewonnen.