Haut op engem 9. Oktober...

Haut um 9. Oktober wier den John Lennon ee Joer méi al ginn. Hien hätt haut säi ronnen 80. Gebuertsdag gefeiert. Weltwäit bekannt ginn ass den John Lennon als Grënnungsmember, Sänger, Gittarist a Songwriter vun The Beatles. No der Trennung vun der Band am Joer 1969 huet den John Lennon nach 7 Solo-Alben erausbruecht.  Am Laf vu senger Karriär konnt hie 7 Grammys an een Oscar gewannen. Um 8. Dezember 1980 ass den John Lennon zu New York erschoss ginn.

Haut ass dann den 42. Doudesdag vum belsche Chansonnier Jacques Brel. Nodeems hien 1977 seng lescht Plaque mam Titel Les Marquises opgeholl hat, ass hien am Joer drop u Longekriibs gestuerwen.

Um 9. Oktober 2010 stoung dann dem Taio Cruz säin Dynamite op der 1 vum Eldo Chartbreaker. Mam Song konnt den Taio Cruz säi groussen Duerchbroch feieren. Haut ass et ronderëm de Musek éischter roueg ginn.

Zum Schluss nach eng Nummer 1 aus den USA. Do stoung haut viru 4 Joer de Shawn Mendes mat sengem Album Illuminate. Mat drop sinn ënnert anerem d’Hits Mercy, Treat You Better an There’s Nothing Holding Me Back.