Haut op engem 10. Oktober...

Haut viru genee 40 Joer ass den Drummer vu Led Zeppelin John Bonham, alias Bonzo, begruewe ginn. Hie gouf zwou Woche virdrun dout am Haus vum Jimmy Paige opfonnt ginn, an deem d’Band fir di nächst Tour geprouft hat. D’Doudesursaach war Alkohol. De John Bonham sollt nëmmen 32 Joer al ginn. D’Redaktioun vum Rolling Stone Magazine huet hien 2016 zum beschten Drummer vun allen Zäite gewielt.

De brittesche Sänger Jack Savoretti feiert dann haut säi 37. Gebuertsdag. Bis haut hien hie 6 Alben erausbruecht. Bekannt ass hie virun allem duerch seng rezent Kollaboratioun Youth & Love mam Mika.

D’Christina Aguilera stoung dann haut viru genee 21 Joer mam Song Genie In A Bottle un der Spëtzt vun de britteschen Charts. Mam Song huet d‘Christina Aguilera säi groussen Duerchbroch gefeiert. Verdéngt krut hat am Joer drop och de Grammy-Award fir Best New Artist.

Haut virun 10 Joer stoung dann de Cee-Lo-Green mat Forget You an den Charts ganz uewen. 2006 war de Cee-Lo-Green als Deel vum Duo Gnarls Barkley bekannt ginn.