Haut op engem 11. Oktober...

Déi amerikanesch Rapperin Cardi B feiert haut säin 28. Gebuertsdag. Am Abrëll 2018 huet hat säin Debut-Album Invasion of Privacy erausbruecht. Drop ass ënnert anerem den Track I Like It. De Kënschtlernumm Cardi B kënnt iwweregens vun der Rum-Mark Bacardi. Nodeems säin Instagram-Account awer ënnert deem Numm geläscht ginn ass, huet hat sech op Cardi B ëmbenannt.

Haut viru genee 30 Joer huet den Dave Grohl säin éischte Gig mat senger neier Band Nirvana gespillt. 1990 hat d’Band ronderëm de Kurt Cobain hiren Drummer Chad Channing erausgeheit an en neie gesicht. Nodeems seng Band Scream sech opgeléist hat, huet den Dave Grohl sech gemellt a gouf direkt engagéiert. An der neier Konstallatioun hunn si 1991 och de legendären Album Nevermind erausbruecht. De Concert war deemools am North Shore Surf Club an der amerikanescher Stad Olympia.

9 Joer ass et dann hir, dass de Wiz Khalifa, de Bruno Mars an de Snoop Dogg d’Single Young, Wild & Free erausbruecht hunn. De Song war de Soundtrack vum Film Mac & Devin Go To High School, an deem de Snoop Dogg an de Wiz Khalifa och d’Haaptroll gespillt hunn.