Haut op engem 12. Oktober...

Um 12. Oktober 1987 stounge Los Lobos mam Mega-Hit La Bamba bei eis franséischen Noperen un der Spëtzt vun den Charts. Si konnten sech fir 11 Woche ganz uewen halen. La Bamba ass am Original e mexikanescht Vollekslidd, dat vu ville Kënschtler a Bands gecovert ginn ass, eben och vu Los Lobos.

4 Joer méi spéit stounge Simply Red mam Album Stars op der 1 vun den UK-Charts. Mam Longplayer huet Simply Red demols weltwäit grousse Succès gefeiert. Et war an de Joren 1991 an 1992 de meescht-verkaaften Album a Groussbritannien.

7 Joer ass et dann hir, dass déi neiséilännesch Kënschtlerin Lorde mat Royals an den USA op der 1 stoung. De Song war mat drop op senger Debut-EP The Love Club. Royals huet sech weltwäit iwwer 10 Millioune Mol verkaaft an 2 Grammy gewonnen.

Um 12 Oktober 2014 stoung dann den George Ezra mat sengem Debut-Album Wanted on Voyage an England op der 1. Mat drop sinn ënnert anerem d’Songs Blame It On Me a Budapest. Den George Ezra konnt sech mat Wanted on Voyage fir 4 Woche ganz uewen an den Charts halen. A Groussbritannien war et och deen drëtt-meescht-verkaaften Album vum Joer 2014.