Haut op engem 13. Oktober...

Um 13. Oktober 1979 stoung de Michael Jackson mat Don’t Stop Til You Get Enough un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts. Et war déi éischten Number-1-Single iwwerhaapt fir de King of Pop an den USA. De Song war um Museker sengem fënneften Album Off The Wall drop. De Michael Jackson sollt fir de Song och e Grammy gewannen.

5 Joer méi spéit, um 10. Oktober 1984 stoung de Stevie Honder mam Hit I Just Called To Say I Love You fir 3 Wochen un der Spëtzt vun den amerikaneschen Charts. De Song war fir de Stevie Wonder e weltwäite Succès. Et war de Soundtrack zum Film The Woman in Red a sollt 1985 och en Oscar gewannen.

An den 10. Oktober 2013 huet déi dänesch Band Volbeat e Concert an der Rockhal gespillt. Um Programm stoung hiren deemools fënneften Album Outlaw Gentlemen and Shady Ladies. Mat drop ass den Track Cape of our Hero. De 9. Juli dëst Joer hätt d’Band sollten zréck op de Belval kommen. Wéinst dem Coronavirus gouf de Concert awer ofgesot.