Haut op engem 14. Oktober...

Haut feiert den amerikanesche Sänger Usher säin 42 Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hien am Joer 2011 mat der Single U Remind Me. A senger Karriär huet den Usher bis haut ronn 75 Milliounen Alben a Singlen verkaaft. Hien huet ënnert anerem 18 Billboard Music Awards an 8 Grammy gewonnen.

29 Joer ass et dann hir, dass de Bryan Adams mam Song Everything I Do, I Do It For You fir 5 Wochen un der Spëtzt vun den däitschen Charts stoung. De Song war de Soundtrack zum Film Robin Hood mam Kevin Costner a sollt 1992 och e Grammy gewannen.

Virun 8 Joer stoung dann d’Swedish House Mafia mat Don’t You Worry Child op der 1 an England. Et war dee leschte Song, deen d’Formatioun virun hirer Trennung erausbruecht hunn. Zwar gouf an de leschte Joren dacks vun engem Comeback an neier Musek geschwat, ma mir waarden nach bis haut drop.

Virun 3 Joer stoungen dann Ofenbach an de Nick Watherhouse mat Katchi fir ee Mount un der Spëtzt a Frankräich.

Zäitgläich stoung an England den Ed Sheeran mat Perfect fir 5 Woche ganz uewen. Et war déi 4. Singleauskopplung vum Ed Sheeran sengem Mega-Album Divide. Vum Song gouf et esouguer eng Versoun mam Beyoncé a mam Andrea Bocelli. Rezent ass de Museker Pap ginn a gënnt sech aktuell och nach eng Paus vun der Musek.