Haut op engem 15. Oktober...

Den iresche Kënschtler Chris de Burgh feiert haut säin 72. Gebuertsdag. Hien ass de 15. Oktober 1948 an Argentinien op d’Welt komm. Bekannt ass hie virun allem duerch säin Hit Lady In Red. A senger Karriär huet de Chris de Burgh bis haut iwwer 45 Milliounen Albe verkaaft. Nach lescht Joer war hie mat senger Classic Albums Tours op der ganzer Welt ënnerwee.

55 Joer ass et dann hir, dass de gréisste Gittarist vun allen Zäiten säin éischte Plackekontrakt ënnerschriwwen huet. Um 15. Oktober 1965 hunn de Chas Chandler an de Michael Jeffrey den Jimi Hendrix ënnert Vertrag geholl.

Haut virun 42 Joer huet déi amerikanesch Band Toto hire selftitled Debut-Album op de Marché bruecht. Mat drop ass ënnert anerem den Track Hold The Line. Toto hu bis haut ronn 40 Milliounen Albe verkaaft a 6 Grammys gewonnen. 2009 sinn si och an d’Musicians Hall of Fame opgeholl ginn.

Um 15. Oktober 2000 stoungen U2 mam Mega-Hit Beautiful Day un der Spëtzt vun de britteschen Charts. Beautiful Day war d’Lead-Single vum Album All That You Can’t Leave Behind an huet grousse Succès gefeiert.