Haut op engem 16. Oktober...

De Bassist a Grënnungsmember vun de Red Hot Chilli Pepers, de Michael Balzary, alias Flea, feiert haut seng 58 Joer. Hien spillt nieft dem Bass och nach Trompett a Piano. 2012 ass hien zesumme mat senger Band an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn.

Duerch d’Fernsee-Show Top of the Pops, déi tëscht 1964 an 2006 am brittesche Fernsee gelaf ass, si Culture Club um 16. Oktober 1982 iwwer Nuecht bekannt ginn. An der wuel wichtegster Sendung fir Musek a Popkultur huet de Grupp de Song Do You Really Want To Hurt Me performt. Virun allem de Boy George, dee faarweg an extravagant gekleet war, huet de Public begeeschter. Nom Optrëtt sollt de Song Do You Really Want To Hurt Me an 23 Länner bis un d’Spëtzt vun den Charts klammen.

Haut viru genee 21 Joer stoungen de Carlos Santana an de Matchbox Twenty Sänger Rob Thomas mam Titel Smooth op der 1 an den USA. Op der Billboard-Lëscht vun den erfollegräichste Songs vun allen Zäite steet Smooth op zweeter Plaz. De Song sollt 3 Grammy-Awards gewannen. De Carlos Santana an de Rob Thomas konnten sech mat Smooth iwwer zwee Méint bis an d’Joer 2000 un der Spëtzt vun den US-Charts halen. Domat war et déi lescht Nummer 1 vum ale Joerdausend an déi éischt vun deem neien.