Haut op engem 17. Oktober...

Zwee Museker feieren haut um 17. Oktober Gebuertsdag.

De Wyclef Jean zum Beispill kritt haut seng 51. Joer. Säi groussen Duerchbroch hat hien 1996 als Member vun The Fugees. Hiren Album The Score hat deemools och 2 Grammys gewonnen. De Longplayer sollt allerdéngs de leschten Album vun de Fugees sinn. An de Joren dono huet de Wyclef Jean virun allem als Produzent geschafft. Hien ass zum Beispill responsabel fir dem Carlos Santana säin Maria Maria.

Dann feiert ee vun de gréisste Rapper iwwerhaapt, den Eminem, haut seng 48 Joer. Hien huet bis haut iwwer 250 Millioune Placke verkaaft. Pro Joer verdéngt hie bal 20 Milliounen Dollar an huet a senger Karriär schonn eng etlech Grammys an och en Oscar gewonnen. 2011 huet de Rolling Stones Magasine den Eminem och zum King of Hip-Hop ernannt.

50 Joer ass et dann hir, dass Jackson Five mat I’ll Be There op der 1 vun den US-Charts stoungen. 1997 goufen si och an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.

Haut virun 28 Joer ass bei eis um Eldo den éischten Chartbreaker iwwer d’Antenne gelaf. Déi aller-éischten Nummer 1 war deemools Inner Circle mat Sweat. De Song war net just hei zu Lëtzebuerg, ma weltwäit e Mega-Hit.